#2 Maach eng Party
Show notes
Wat huet d'biologesch Auer mat der Menopause ze dinn?
Méi wéi een denkt. Et ass nämlech déi selwecht Auer, just um Enn vun hirer Zäit.
An der zweeter Episod vu Menoplay geet d'Ilana der Fro no, wéini de richtege Moment ass, fir sech mat der Menopause auserneenzesetzen – a wat een haut scho ka maachen, fir méi gutt doduerch ze kommen.
D'Trixie huet mat 39 op eemol seng biologesch Auer ticken héieren. D'Valérie hat geduecht, hire Kierper wier an der Menopause – néng Méint méi spéit koum hire Jong op d’Welt. An d'Anouk, 29, mécht sech ganz aner Gedanken: iwwer Verhütung, Zyklus a firwat een d'Menopause eigentlech sollt feieren.
Fir d'Anuerdnung suergen de Gynekolog Dr. Vincent Massard, d'Hausdoktesch Dr. Hacer Akkuzu an d'Dieteticienne Diana Reid. Si erklären, wat der Mamm hir Menopause iwwer déi eege verréit, firwat een am beschte mat 40 mam Muskeltraining ufänkt – a firwat Ernärung net perfekt muss sinn.
Laboratoires Réunis: www.labo.lu
Maach däi Journal-Abo: www.journal.lu/products
10% Rabatt um Joresabo mam Code #menoplay10
New comment