#4 Angscht virun Hormoner
Fir déi eng ass se e Wonnermëttel, fir déi aner e Risiko: D'Hormontherapie spléckt, wéi kaum en anere Sujet ronderëm d'Menopause. Dobäi baséiert vill vun der Angscht op enger Etüd vun 2002 – an op Hormoner, déi an Europa guer net agesat ginn.
D'Ilana wëll wëssen, wat wierklech drun ass. Wéi grouss ass de Risiko vu Broschtkriibs? Wat maache Fraen, déi keng Hormoner huele kënnen oder wëllen? A wat mécht d'Menopause mat enger Partnerschaft an der Sexualitéit?
Äntwerte kréie mir vu Fraen a Männer, déi hir Erfarungen oppen deelen. D'Milène wëll net méi ouni hir Hormoner, d'Martine huet hire Wee...