#3 Keng kleng Männer

Show notes

Schwindel, Panikattacken, eng Middegkeet, déi net ophält – an d'Äntwert an der Praxis : "Dir sidd jo nach jonk."

Vill Frae ginn net eescht geholl, lafe vun engem Dokter bei deen aneren a kréie Schlofmëttel, Antidepressiva oder Antibiotiquen opgeschriwwen – mee keng Diagnos. Firwat ass et esou schwéier, d'Perimenopause ze erkennen? Dat freet d'Ilana sech an der drëtter Episod vu Menoplay – a sicht no Léisungen.

D'Sabrina gouf an der Menopause-Klinik mat enger Minipëll heemgeschéckt. D'Milène huet sech am Endeffekt selwer informéiert a seet haut, dat hätt si gerett. An d'Dr. Susanne Folschette-Tomaszewski huet als Generalistin hir eege Symptomer am Ufank net erkannt – haut setzt si sech mat Lëtz Menopause dofir an, datt et anere Frae besser geet.

De Gynekolog Dr. Vincent Massard erkläert, firwat eng Bluttanalys dacks net weiderhëlleft. D'Diane Elsen vu Lëtz Menopause erzielt, wéi en Netz vun Dokteren entstoe soll, déi sech mam Sujet auskennen. D'Isabelle Schmoetten vum CID Fraen an Gender fuerdert méi Fuerschung, déi all Fraen am Bléck huet.

An d'Ministesche Martine Deprez a Yuriko Backes sinn sech eens: Frae si keng kleng Männer.

Laboratoires Réunis: www.labo.lu

Maach däi Journal-Abo: www.journal.lu/products

10% Rabatt um Joresabo mam Code #menoplay

New comment

Your name or nickname, will be shown publicly
At least 10 characters long
By submitting your comment you agree that the content of the field "Name or nickname" will be stored and shown publicly next to your comment. Using your real name is optional.