#4 Angscht virun Hormoner

Show notes

Fir déi eng ass se e Wonnermëttel, fir déi aner e Risiko: D'Hormontherapie spléckt, wéi kaum en anere Sujet ronderëm d'Menopause. Dobäi baséiert vill vun der Angscht op enger Etüd vun 2002 – an op Hormoner, déi an Europa guer net agesat ginn.

D'Ilana wëll wëssen, wat wierklech drun ass. Wéi grouss ass de Risiko vu Broschtkriibs? Wat maache Fraen, déi keng Hormoner huele kënnen oder wëllen? A wat mécht d'Menopause mat enger Partnerschaft an der Sexualitéit?

Äntwerte kréie mir vu Fraen a Männer, déi hir Erfarungen oppen deelen. D'Milène wëll net méi ouni hir Hormoner, d'Martine huet hire Wee iwwer d'Ernärung fonnt. De Cyril erzielt, wéi d'Hormontherapie seng Fra an hir Bezéiung verännert huet. De Gilles huet erlieft, wéi seng Partnerin no enger Operatioun vun engem Dag op deen aneren an d'Menopause koum. An d'Trixie verréit, firwat et fir si e Luxus ass, an dëser Phas single ze sinn.

Fir d'Anuerdnung suergen de Gynekolog Dr. Vincent Massard, d'Generalistin Dr. Hacer Akkuzu, d'Sexologin Dr. Danielle Choucroun an d'Diane Elsen vu Lëtz Menopause. Si erklären, wou d'Angscht virun Hormoner hierkënnt, wéi eng Alternativen et gëtt – a firwat d'Fro no der Loscht ëmmer och eng Fro un d'Koppel ass.

Laboratoires Réunis: www.labo.lu

Maach däi Journal-Abo: www.journal.lu/products

10% Rabatt um Joresabo mam Code #menoplay

New comment

Your name or nickname, will be shown publicly
At least 10 characters long
By submitting your comment you agree that the content of the field "Name or nickname" will be stored and shown publicly next to your comment. Using your real name is optional.